Heem

Uuchten an der Stad

Eis nächst Uucht ass de Mëttwoch 31. Januar 2018 am Lokal “Vins fins” am Stater Gronn. Umeldung bei inecc.lu.

Luusst och mol bei bellaciao.lu eran, do ass dei nächst Revoluzzer-Uucht an der Maach (21.02.2018 @ Café Streik @ Esch-sur-Alzette).

Ëm wat geet et?

An de Wanterméint ginn d’Deeg méi kuerz an d’Nuechte méi laang. A fréieren Zäiten, wéi et nach keng Elektrizitéit gouf, du sinn d’Leit mateneen an d’Uucht gaangen. Si hunn sech beienee gesat, ofwiesselnd bei déi eng a bei déi aner doheem, fir Neiegkeeten ze tauschen, Geschichten ze verzielen, Lidder ze sangen an niewebäi Woll ze spannen, Gezei ze flécken, Dicher ze brodéieren, eng Päif ze fëmmen, en Tëmpchen ze halen oder soss eppes ze kniwwelen. Doduerch gouf och Holz a Liicht gespuert.

Mir wëllen déi laang vergiessen Traditioun nees opgräifen a mat iech an d’Uucht goe fir ze sangen a Geschichten ze verzielen.

Christian Ries, Catherine Hengesch a Camille Kerger

Musek

Mir sangen en internationale Programm mat weltleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch, Englesch an Italienesch. Mir sange virun allem aus dem Lidderbuch Stimmband – Lieder und songs aus dem Reclam-Verlag. Mir bréngen am Prinzip genuch Bicher mat. Hei d’Referenzen fir déi, déi d’Buch wëlle kafen: kleng Täschebucheditioun fir 6,95 €; dat selwecht Buch gëtt et  fir 14,95 € a méi engem grousse Format (XL-Ausgab. 13,6 x 21 cm).

Mir begleeden de Gesank um Piano, op akustescher Gittar an/oder um Akkordeon.

Geschichten

Mir verziele Kuerzgeschichten a Spiichtercher aus verschidde Kulturkreesser, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Bréngt och dir eng Kuerzgeschicht mat, déi dir eis verziele wëllt.

Public

Jiddereen ass wëllkomm, och wann een net wëll sangen an nëmmen nolauschteren an derbäi spannen, heekelen, strécken, stécken oder soss enger roueger Aktivitéit wéi z. B. Liesen wëll nogoen.

Umeldung

Obligatoresch Umeldung iwwert inecc.lu, 20 € / Persoun.

De Bistro ass gemitterlech mä e wéineg kleng mat sengen 22 Plazen, dofir ass d’Umeldung op 22 Persoune limitéiert.

Fir d’Organisatioun méi einfach ze gestalten ass d’Iessen ouni Gedrénks am Präis vun 20 Euro pro Persoun mat abegraff. Um Menü: 1. Kale vegetareschen Teller (verschidden Tapas, Humus, Lënsen etc…). 2. Kéis-Plat mat Zalot. De gewielte Plat gitt dir bei der Umellung un.

Uert / Plaz

Mir halen eis nächst Uucht am Bistro Vins fins am Stater Quartier Gronn, vis-à-vis vum Liquid. Käerze suerge fir eng gemittlech Ambiance a fir Iessen a Gedrénks a Bioqualitéit ass gesuergt.

Urees