Heem

Uuchten an der Stad

Eis nächst Uuchten sinn an der Plangung.

Luusst an der Tëschenzäit mol bei bellaciao.lu eran.

Ëm wat geet et?

An de Wanterméint ginn d’Deeg méi kuerz an d’Nuechte méi laang. A fréieren Zäiten, wéi et nach keng Elektrizitéit gouf, du sinn d’Leit mateneen an d’Uucht gaangen. Si hunn sech beienee gesat, ofwiesselnd bei déi eng a bei déi aner doheem, fir Neiegkeeten ze tauschen, Geschichten ze verzielen, Lidder ze sangen an niewebäi Woll ze spannen, Gezei ze flécken, Dicher ze brodéieren, eng Päif ze fëmmen, en Tëmpchen ze halen oder soss eppes ze kniwwelen. Doduerch gouf och Holz a Liicht gespuert.

Mir wëllen déi laang vergiessen Traditioun nees opgräifen a vun November bis Februar all drëtte Mëttwoch am Mount mat iech an d’Uucht goe fir ze sangen a Geschichten ze verzielen.

Christian Ries, Catherine Hengesch a Camille Kerger

Musek

Mir sangen en internationale Programm mat weltleche Lidder op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch, Englesch an Italienesch. Mir sange virun allem aus dem Lidderbuch Stimmband – Lieder und songs aus dem Reclam-Verlag. Mir bréngen am Prinzip genuch Bicher mat. Hei d’Referenzen fir déi, déi d’Buch wëlle kafen: kleng Täschebucheditioun fir 6,95 €; dat selwecht Buch gëtt et  fir 14,95 € a méi engem grousse Format (XL-Ausgab. 13,6 x 21 cm).

Mir begleeden de Gesank um Piano, op akustescher Gittar an/oder um Akkordeon (ouni Verstäerkung).

Geschichten

Mir verziele Kuerzgeschichten a Spiichtercher aus verschidde Kulturkreesser, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Bréngt och dir eng Kuerzgeschicht mat, déi dir eis verziele wëllt.

Public

Jiddereen ass wëllkomm, och wann een net wëll sangen an nëmmen nolauschteren an derbäi spannen, heekelen, strécken, stécken oder soss enger roueger Aktivitéit wéi z. B. Liesen wëll nogoen.

Umeldung

Eng Umeldung iwwer dëse Site ass aus organisatoresche Grënn erwënscht. Mir huele just déi éischt 40 Umeldungen un fir datt et am Oekosoph gemitterlech bleift.

Uert / Plaz

Mir halen eis Uuchten am Wanter 2016-2017 am sympathesche Bistro Oekosoph am Stater Quartier Pafendall, vis-à-vis vum Sang a Klang. Käerzen suerge fir eng gemittlech Ambiance a fir Iessen a Gedrénks a Bioqualitéit ass gesuergt.

Urees

Erreeche kënnt dir de Pafendall bequem ze Fouss, mam Vëlo, mam Bus oder mam Auto: